Dëst Kannerbuch huet just 42 Säiten – mä se sinn gefëllt mat enger gudder Portioun Poesie a Léift.
D’Mati huet vu sengem Papp eng kleng Kaz geschenkt kritt, hatt ass begeeschtert.
Dat kritt och seng Popp ze spieren, si gëtt lénks leie gelooss a vum Mati sengem Brudder am Sand verbuddelt.
An do gëtt se vergiess.
Se ass eleng um Strand, d’Donkelheet brécht eran, d’Popp kritt Angscht.
D’Schreifweis ass kandgerecht, allerdéngs hu verschidde Passagen bei mir fir ee beklemmend Gefill gesuergt – fir ganz kleng Kanner ass d’Buch sécherlech näischt, si kéinten Angscht kréien …
(Ausser Dir wëllt d’Nuechten duerch maachen 😉)
An da mécht d’Popp Bekanntschaft mat Strandwierchter – ee granzegen, onsympathesche Kärel …
E wëll hatt halen.
Eventuell verkafen.
Gëtt et fir d’Popp een Entkommen?
Mierkt d’Mati mat Zäit, dass hatt säi wichtegst Stéck verluer huet?
An dëser donkeler Nuecht mécht dem Mati seng Popp Bekanntschaft mat Feier a Waasser.
Et gëtt geféierlech.
Gëtt et ee geheimnisvolle Retter?
Niewt der spannender Geschicht, fënnt de Lieser nach allerlee faarweg Illustratiounen – se passen perfekt an dat klengt Bichelchen.
Aus der Siichtweis vun der Popp, huet d’Geschicht eng ongewéinlech Perspektiv.
Et huet mir gutt gefall! ❤