„Wenn es mir schlecht geht, gehe ich nicht in die Apotheke, sondern zu meinem Buchhändler.“
Philippe Dijan
Dëst Zitat passt perfekt bei mäin momentane Gemittszoustand – de Juli war nawell hefteg.
Ech war e puer Deeg am Spidol, och elo, knapp 3 Wochen dono ass de Schwindel nach net ganz fort.
Dat frustréiert.
Also houng ech um Internet an hunn Bicher gegooglet. Op Facebook gouf ech op d’Schmökerbox vum August opmierksam – d’Thema Im Viereck huet mir net vill gesot, op der Internetsäit hunn ech awer gesinn, dass een d’Julibox mam Thema Die Einsamkeit von Vorurteilen nach ka bestellen.
E puer Klicker méi spéit war et sou wäit – d’Virfreed war grouss, d’Moral war besser.
An no e puer Deeg war Schmökerbox scho bei mir doheem, ech si frou dass ech se bestallt hunn – ech sinn nämlech verréckt no Poschen – zumools wa se mat Bicher ze dinn hunn.
Esou gesäit d’Schmockstéck aus:
Dëse klengen Dingsdabums fir Téiliichter dran ze maachen, gefält mir och gutt, e steet well op mengem Regal.
(Gutt, dass et dat Wuert Dingsdabums gëtt – soss hätt ech net gesosst, ewéi dat dat erkläre soll 😉🤔)
Ech freeë mech ëmmer iwwert esou Stëbsfänkerten 😆
Ganz uewen an der Box loung dësen Bicherkatalog.
Dat typescht Lieszeechen mat Buchzitat däerf a kenger Schmökerbox feelen!
Notizbléck sinn och net verkéiert, där hunn ech schonn e Koup heiheem. Dëse Block hunn ech direkt a meng Posch geluecht.
D’Buch schéngt interessant ze sinn, de Klappentext ass villverspriechend.
Ech halen Iech um courant!
Wat a mengem Säitegoodie dran ass, verroden ech Iech net, ech hunn et mol na net opgemaach.
A wéi ech d’Këscht an de Kartong tessele wollt, si mir dës Rezepter an de Grapp gefall, d’Kya ass eng Protagonistin aus dem Buch.
Ech bestellen d’Schmökerboxen ëmmer erëm gären – ech sinn op d’September-Thema gespaant. Villäicht ass dat eppes fir d’Gebuertsdagskand ❤
Kategorien:Ronderëm d'Buch