Die Akte Kronos ass e Thriller vum Matthias Bürgel a gouf am Selbstverlag publizéiert. Merci dofir!
Ech hunn et nawell spannend fonnt – et geet ënnert anerem ëm Kriibsfuerschung. Deng Hartmut Willberg huet sech d’Liewe geholl hunn, mä wéiee Grond soll e gehat hunn? En huet e Mëttel géint sämtlech Aarte vu Kriibs fonnt (dat wär schéin!). Den David gleewt dat net sou richteg, e fänkt un ze fuerschen. Wéieng Geheimnisser deckt hien nach während sengen Ermëttelungen op?
Et gëtt politesch a geféierlech! Wéieng Roll spillt d’Kierch? Wat kann e gleewen? Wiem vertrauen?
D’Kapitele si kuerz a knackeg, ech war séier mat Liese fäerdeg.
Verschiddenes ass léierräich – mir geheien e gudde Bléck hannert d’Kulissen vun der Kriminalwelt.
De Buchcover passt – de Lieser freet sech automatesch, wat an där Akte stécht.
Am Matthias Bürgel sengem Buch ‚Projekt Goliath‘ ermëttelt den David Sprenger och – et ass souguer säin éischte Fall, mä d’Kronosbuch huet mir en Tick besser gefall.
Dir kënnt d’Buch iwwert den Autor oder iwwert Amazon bestellen.
Kategorien:BOD - Selbstverlag