Am Thriller ‚Der Pakt‘ geet et ëm Reegelen, e Grupp Leit huet eng Vereenegung gegrënnt, si huelen d’Bestiednis ganz eescht. Si wëllen d’Koppelen ënnerstëtzen.
De Grupp iwwerwaacht d’Memberen – d’Strofe si fuerchtbar – si ginn isoléiert a souguer gefoltert, wa se bei engem Verstouss erwëscht ginn.
Et ass liewenswichteg sengem Partner reegelméisseg Kadoen ze maachen, d’Aarbecht net iwwert hien ze stellen, ëmmer op den Telefon ze goen, wann en urifft, …
Dat Ganzt hëlt Afloss op den Alldag vun de Memberen, wierklech alles huet Konsequenzen. Et kléngt e bëssen no Sekte. An dësem Thriller léiere mir d’Siichtweis vum Jake kennen, hien ass frësch mam Alice bestued. Si loossen sech op de ‚Pakt‘ an, fir hier Bezéiung spannend ze gestalten. Ewéi déi zwee Verléiftener matkréien, dass dëse Pakt geféierlech ass, probéieren se hiert d’Liewen ze retten – mä fannen se een Auswee? Et huet nach ni dierfen een dëse Grupp verloossen!
Et gesäit net gutt aus, si sinn séilesch um Enn, den Drock gëtt ëmmer méi grouss.
D’Buch huet mech iwwerzeecht, et ass net nëmmen een Thriller, et geet ëm Partnerschaft, Glächberechtegung an Ängscht, déi mir an eis droen. Et huet mech verstéiert.
An obwuel et iwwer 500 Säiten huet – Langweil ass net. opkomm
Kategorien:Diana
Ein Leben lang Glücklich……🌺
LikenLiken
Hun dat Buch gelies, ass gudd geschriwen,spannend bis zum Schluss
Envoyé de mon iPhone
>
LikenGefällt 1 Person
Jo, et stëmmt nodenklech. Ech hunn et gutt fonnt
LikenLiken