Fischer

Kalte Seele, dunkles Herz

Virun dräi Joer sinn d’Schwësteren Cass an Emma spuerlos verschwonnen, e beemol steet d’Cass virun der Hausdier – allerdéngs ouni seng Schwëster.
Den FBI huet vill Froen, verschidden Äntwerten vum Cass kléngen astudéiert. Wien schützt hatt?
D’Psychologin Abby huet de Verdacht, dass hatt eppes ze verstoppen huet, et ass hinnen all bewosst, dass d’Emma just fonnt ka ginn, wann se hannert dem Cass seng Wourecht kommen.
Duerch d’Abby kritt de Lieser e puer psychologesch Hannergrondinformatiounen.
Et ass e Rätsel, schlecht Familljeverhältnisser droen dozou bei, dass d’Ermëttelungen sech am Krees dréien. Et ginn zevill verdächteg Persounen. Huet villäicht e vun hinnen eng narzisstesch Stéirung? Ass d’Cass scho viru sengem Verschwannen séilesch mëssbraucht ginn? Kämpft hatt mat Dämonen aus der Vergaangenheet?
Bei dësem Thriller kann e wonnerbar spekuléieren, d’Opléisung erkläert och dem Cass säi Verhalen.
Et geet vill ëm Manipulatioun, ëm Famill a Selbstvertrauen.

D’Buch ass spannend geschriwwen – vun der éischter bis zur leschter Säit, et gëtt ofwiesselnd aus dem Cass an dem Abby senger Siichtweis erzielt!
An och wann ech den Thriller gutt fonnt hunn – ech hu leider keng Angscht, Verzweifelung oder Hoffnung gespuert. Ech hat mol kee Matleed mat eise Protagonisten. Villäischt loung dat un der Schreifweis, ech hu fonnt, dass eng liicht Distanz draloung.

Kategorien:Fischer, Scherz

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s