Ech hu gebastelt – an dat net nëmmen fir mech, et huet mir richteg gutt gefall! 🤗
Sidd Dir och verréckt no Käerzen? Ech hu mir geduecht, dass Bicherkäerzen fir déi perfekten, gemittlech Stëmmung suergen, et gëtt owes esou séier donkel.
Op der Foto gesitt Dir ewéi eng Käerzen zur Auswiel stinn, se sinn och mat Geroch disponibel – Schokela, Vanille, Fruucht a Kokosnoss. Mir gefält déi gro Käerz am beschten – an Iech?
Brennen maachen se gutt, ech hunn dat natierlech ausprobéiert (als Deko am Bicherregal sinn se och flott) 😉
Se kaschten 7€, de Versand ass inclus. Am Véiererpack sinn d’Käerzen 24€.
D’Glieser si spullmaschinnefest a kënnen dono anescht benotzt ginn.
Hunn ech Iech virwëtzeg gemaach?
Zéckt net fir mech unzeschreiwen, ech freeë mech op Är Noriichten!
Entweder hei oder op bichergeck@gmail.com
Léif Gréiss,
Jessica
Kategorien:Ronderëm d'Buch