Dësen Colleen Hoover-Roman ass anescht ewéi déi aner. Méi erwuessen, méi eescht. Mir léieren d’Quinn an de Graham kennen, d’Koppel ass schonn e puer Joer bestued, den Alldag huet sech ageschlach. Si hunn Bezéiungsproblemer, si schwätzen net mateneen. Dass de Kannerwonsch onerfëllt bleift mécht zumools d’Quinn fäerdeg, seng Verzweifung an d’Hoffnung déi ëmmer manner gëtt, ass gutt spierbar. Solle si nach zesummen bleiwen? Dat Wuert Trennung ass däitlech tëscht den Zeilen ze liesen.
Mir liesen d’Geschicht an der Géigewaart – Réckblécker an d’Vergaangenheet weisen eis, wéi d’Léift ugefaangen huet. A gewuess ass.
Während dem Liesen spiert en d’Gefiller vun de Protagonisten – se sinn authentesch. Hu si nach Dreem? Wënsch fir d’Zukunft? Kämpfen se? Oder wielen si den einfache Wee?
Gëtt et een Happy-End?
Et ass e Gefillskarussell, hir Geschicht ass emotional. Se wierkt real. An ass et wahrscheinlech och.
D’Autorin huet well eng fest Plaz a mengem Bicherregal! ❤