rowohlt

Slade House

Am Ufank hat ech e bëssen Krämpes ze verstoen, ëm wat et an dësem klengen Horrorbuch geet, mä no all Kapitel ass et méi kloer ginn – ech konnt net méi genuch vun dëser Geschicht kréien. Et ass geheimnisvoll. D’Buch besteet aus fënnef Deeler, an all Kapitel kënnt opmannst e Mënsch am Slade House ëm d’Liewen. Déi grouss Fro ass natierlech firwat? Hunn d’Awunner eppes domat ze dinn? Ass eng béis Muecht um Wierk? Wéiee Geheimnis verstoppt sech hannert de Maueren?
Mir reesen an Parallelwelten, léieren den Dout kennen a fäerten. Et ass esou authentesch, ech hätt d’Charakteren am léifsten virun der Gefor gewarnt – mä ech konnt just nokucken ewéi een nom aneren a säin Ongléck stierzt. D’Wourecht läit am Detail!
D’Geschicht ass verréckt. Aussergewéinlech. A gruseleg. Et gëtt net bluddeg – mir maachen éischter Bekanntschaft mat Geeschter an ale Séilen.
De Schreifstil ass eenzegaarteg a mécht Loscht op weider Bicher vun dësem Autor! En ass scho bal philosophesch …
Schued, dass d’Geschicht esou kuerz war! Ech hätt gär nach méi driwwer gelies.

Kategorien:rowohlt

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s