fliegt

Sieh mich an

Mir all hunn Narben. Grousser, klenger an onsiichtbarer – se hunn all eng Geschicht z’erzielen. Se sinn en Deel vun eis.

Eis Protagonistin Ava huet bei engem schwéieren Hausbrand seng Elteren a seng beschte Frëndin veluer, hatt huet just knapp iwwerlieft. E groussen Deel vu sengem Kierper huet Brandverletzungen. Den Heelungsprozess huet laang gedauert, hatt huet sech isoléiert. Seng Tatta hätt gären, dass d’Ava de Wee an d’Liewen erëmfënnt – dofir gëtt hatt an enger Schoul ugemellt.
Ob dat gutt ausgeet? Hatt huet Angscht, dass seng Matschüler e Monster an ëm gesinn. Sech virun sengem Ausgesinn eekelen. Et ass net einfach. De Lieser begleet hatt op dësem schwéiere Wee. An e freet sech, well dem Ava säi Schutzpanzer e puer Rëss kritt. Gefiller kachen héich … Fënnt hatt Frënn, déi hatt esou akzeptéieren? Wéi fillt en Teenager sech no esou enger Tragedie? D’Ava gëtt net op, hatt entwéckelt sech weider, et ass e grousse Sprong!
D’Buch ass mir ënnert d’Haut gaangen, d’Geschicht war intensiv, emotional – ouni iwwerdriwwen ze wierken. Dem Ava säin Humor huet mir d’Liesen méi einfach gemaach.

D’Moral vun der Geschicht? Et däerf e sech net vun Äusserlechkeeten beaflossen loossen. De Charakter zielt vill méi. Et geet ëm Akzeptanz. A Versteesdemech. Ëm d’Liewen.

Kategorien:fliegt, Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s