BOD - Selbstverlag

Whisper – I love you

Dëse Roman vum Mila Olsen huet mech iwwerascht, ech wosst zwar, dass et keng einfach Geschicht wäert ginn – mä d’Emotiounen hu mech iwwerullt.
D’Buch ass traureg.
Voller Liewen – a kéint sensibel Mënschen triggern.
Et gëtt ënnert anerem och ëm Suizid.
D’Kansas gëtt esou uerg gemobbt, dass hatt opgehalen huet mat schwätzen. Ausserdeem huet hatt sech dozou entschloss d’Bréck erofzesprangen; mä dozou kënnt et net.
De River hält hatt of. Déi zwee koumen ouni Wierder mateneen aus, d’Kansas beschléisst de Summer mam River ze verbréngen.
An där Zäit léiere si sech kennen a gär hunn, d’Kansas kritt mat, dass de River och vill emotional Baustellen huet.
Et gëtt vill tëscht den Zeile gelies, d’Léift an d’Besonneschheet vum Buch stiechen am Detail.
D’Autorin thematiséiert psychesch Erkrankungen, ouni iergendeppes ënnert den Teppech ze kieren.
Ech hunn et authentesch fonnt.
Wien wäert wuel wien retten?
Dës Fro huet mech Säit fir Säit begleed – d’Opléisung huet mech laang net roueg gelooss, ech hu vill missen driwwer nodenken.

De Schluss?
Cry me a River – Dir braucht Nuesschnappecher!

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s