ueberreuter

Wenn wir nach den Sternen greifen

An dësem Jugendbuch kënne mir no de Stäre gräifen. Also bal …

D’Handlung spillt sech am Joer 2089 of, déi éischt Marsmissioun steet bevir. Dem Ianthe säi Papp ass e vun den auserwieltenen Astronauten. D’Rees dauert dräi Joer. D’Famill ass houfreg, mä si hunn och Angscht – kënnt hien zeréck? Wat ass, wann eppes schif geet? D’Ianthe verstoppt seng Trauer an der Musek. Mir begleeden d’Familljen an d’Astronauten an hier lescht Vakanz. An déi ass emotional.

Mech huet d’Geschicht traureg gemaach, ech konnt gutt mam Ianthe fillen. Wär et net besser seng Roserei erauszeloossen? D’Buch ass voller Hoffnung. An Hoffnungslosegkeet. Voller Léift. A Verzweiflung. Wéi geet een mat esou enger Situatioun ëm? Verléiert e sech net a senge Gefiller?
Ass esou een Szenario tatsächlech méiglech?
D’Geschicht huet keen typescht Happy-End, mä se geet ënnert d’Haut. Se bleift nach laang am Kapp.
Wat ass méi wichteg? D’Famill oder d’Fuerschung? Ech hu mir vill Gedanken driwwer gemaach a sinn nach zu kenger passender Äntwert komm.

Villäicht gëtt et jo nach een zweeten Deel?

Kategorien:ueberreuter

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s