Die sieben Tode der Evelyn Hardcastle

Und täglich grüsst das Murmeltier – oder esou!
Den Aiden Bishop ass op e Maskebal agelueden, do ukomm gëtt hien all Dag an engem anere Kierper (vun engem Gaascht) wakreg. Hien sëtzt an enger Zäitschläif fest. Schnell fënnt en eraus, dass e just do eraus kënnt, wann en den Dout vun der Hausherrin opkläert. Eng mysteriéis Persoun hëlleft him dobäi, mä kann en där wierklech vertrauen? Oder bréngt se hien op eng falsch Spuer?
Den Aiden huet nach e Géigner – dee wëll op kee Fall, dass hien Erfolleg huet. Firwat? Kritt hien d’Rätsel geléist? Oder sëtzt en an där Häll fest?
D’Idee zu dësem Roman huet mir gutt gefall, ech fannen, dass d’Ëmsetzung gelongen ass. Dem Autor säi Schreifstil a seng Uspillungen lueden zum maträtselen an.
Duerch déi verschidde Perspektiven gëtt et net langweileg, och wann déi eng oder aner Widderhuelung am Buch ze fannen ass. Et muss e konzentréiert bleiwen – soss kéint een Hiweis verluer goen.
De Krimi ass komplex, wat schreift den Autor wuel nach? U Fantasi feelt et ëm jo net …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s