D’Marvel-Filmer, wien kennt se net? Ech mengen, ech hunn se well all gesinn …
Ewéi ech matkritt hunn, dass de Stan Lee e Jugendbuch geschriwwen huet, hunn ech dat direkt missen bestellen.
An ech war begeeschtert!
Natierlech geet et a sengem Buch och ëm en Superheld! De Cameron ass e Youtuber mat 16 Abonnenten. Hie géif gäre berüümt ginn. Nodeems hien vun engem Blëtz getraff ginn ass, verännert sech sou munches fir hien. Et ass alles esou haart! De Kaméidi a sengem Kapp kënnt vun elektoneschen Apparater, hien kann se elo kontrolléieren. Ass dat e Segen oder e Fluch? Dat Ganzt iwwerfuerdert den Teenager. E Spiller aus sengem Real-Game hëlleft him mat där ganzer Situation eens ze ginn. Oder huet en nach aner Grënn?
Verschidden Charakterperspektiven maachen virwëtzeg op d’Hannergrënn vun der Geschicht – d’Welt gëtt nämlech vun enger ausserierdescher Muecht bedreet.
Typesch Stan Lee! Uspillungen op eis Filmsuperhelden sinn en Highlight fir Marvel-Fans, ech hu mech gutt ameséiert.
Am Nowuert gi mir nach gewuer, ewéi et war mat Stan Lee zesummenzeschaffen – a wéi hien op d’Iddeeën fir seng Geschichten komm ass.
Ech si gespaant, ob dëst Buch och verfilmt gëtt! Ech géif et direkt kucken goen – just säin berüümtenen Optrëtt géing mir feelen.
Kategorien:Loewe Verlag