HarperCollins

Was du getan hast

Wéi kann ech dëst Buch am beschten definéieren? Thriller, Drama, Familljegeschicht? Et ass eng Mëschung tëscht deenen dräi.

Dem Kate seng Mamm gëtt ëmbruecht – a senger Verzweiflung rifft hatt seng beschte Frëndin Blaire un, si haten jorelaang keen Kontakt. Elo ass d’Blaire Schrëftstellerin an erfollegräich. Nom Begriefnis gëtt d’Kate bedreet. Firwat? D’Polizei tappt am Donkelen – ausser de Papp ze verdächtegen kënnt näischt gescheites eraus. Wien wëll him Béises? Ass et just d’Trauer? Ginn d’Nerven mat him duerch? Kann hatt iwwerhaapt nach engem vertrauen? Duerch dës negativ Gedankespiral steet d’Bezéiung zu sengem Mann ënnert kengem gudde Stär. Wëll hien sech trennen? Oder ass en och en Affer vun den Ëmstänn?
Mir liesen de Roman ofwiesselnd aus dem Blaire an dem Kate hierer Perspektive, doduerch versteet een d’Handlung an d’Vergaangenheet besser. Hoffe mir alt, dass sech alles opklärt. E Familljegeheimnis kéint d’Äntwert op dem Kate seng Froen sinn.

D’Geschicht ass spannend erzielt – och ech hunn bis zur leschter Säit am Donkelen getappt.

Kategorien:HarperCollins

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s