btb

Die Wälder

All Duerf huet seng Geheimnisser – an een grujelegen Bësch. Am Melanie Raabe sengem Buch geet et ënnert anerem ëm e verschwonnent Meedchen. An e Familljegeheimnis.

Ewéi d’Nina gewuer gëtt, dass säi beschte Frënd Tim gestuerwen ass, brécht hatt zesummen. Al Wonnen ginn opgerappt. Hatt ass verzweifelt, hien huet virun sengem Dout probéiert un hatt ze kommen. Säi schlecht Gewëssen plot hatt …
Dozou kënnt, dass en him en ominéise Bréif hannerlooss huet – anscheinend huet den Tim d’Duerfgeheimnis geléist. Ass en engem op d’Féiss getrëppelt an dofir aus dem Wee geschaf ginn? Fir dem Geheimnis op d’Spuer ze kommen, muss d’Nina aus sengem Schleekenhaus eraus an a säin verhaasstent Heemechtduerf fueren …
Wäert hatt dës Erausfuerderung packen? Wat ass a senger Kandheet geschitt? War et sou schlëmm? A sinn déi Dämonen, déi hatt elo verfollegen real oder mécht seng Angscht hatt fäerdeg?

D’Autorin fänkt déi bedréckt Atmosphär gutt an – ech hu mech an dësem fiktiven Bësch immens onwuel gefillt. A Reckblécker liese mir, ewéi d’Duerfliewen fir d’Frënn war. Mir verstinn, dass hier Angscht gerechtfertegt ass. Kënne si mat allem ofschléissen? Oder rennen si an hiert Verdierwen? Lues awer sécher gëtt d’Puzzle zesummegebaut …
Et ass spannend – bis zum batteren Enn!

Kategorien:btb

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s