Penhaligon

T.I.M.E Stories

Eis Protagonistin Tess sëtzt an der Psychiatrie, e mysteriéise Mann mécht him en ongewéinleche Virschlag. Wann hatt fir e schafft, gëtt hatt aus der Psychiatrie entlooss an ass fräi. Obwuel – fräi ass an dësem Fall relativ. Nodeems hatt déi néideg Tester bestaanen huet, fänkt seng Aarbecht un, d’Tess staunt net schlecht ewéi hatt am Joer 2468 wakreg gëtt. Seng Aarbecht besteet dorausser mat engem Team an Vergaangenheeten ze reesen a Geforen fir d’Welt z’eliminéieren. D’Missiounen sinn spannend, zumools well se a verschiddenen Zäitzonen sinn. Mä och an der Zukunft ginn et Geheimnisser. Weess d’Agency méi iwwert seng Vergaangenheet ewéi se soen? Duerch kleng Hiweiser probéiert d’Tess d’Rätsel ze léisen. Mä ass dat eng gutt Idee?

Heiansdo liese mir Ausschnëtter aus dem Tess sengem Dagebuch, dat gëtt eis e gudden Abléck a seng Gefills a Gedankenwelt.

Dem Autor seng Schreifweis ass jugendfräi, Teenager déi geckeg no Science Fictioun sinn, kënnen dës Geschicht bedenkenlos liesen.

Mir huet den Opbau vum Buch ganz gutt gefall – et baséiert op engem Spill, wat ech allerdéngs net kennen.

Ech hoffen awer, dass nach vill Aventuren vum Tess a Buchform erauskommen wäerten. Eng Fernsehserie géif bestëmmt och gutt kommen. Ech war vun der éischter Säit u gefesselt, d’Zäit mat der Agency ass verflunn.

Kategorien:Penhaligon

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s