Diana

Idaho

Idaho ass e Familljendrama – eng Famill verbréngt en rouegen Dag am Bësch. D’Kanner spillen, d’Elteren genéissen d’Sonn. A beemol schléit d’Stëmmung ëm, d’Mamm leeft Amok a bréngt hiert klengt Meedchen ëm. Firwat? Deet hier d’Dot leed? Si gëtt liewenslaang agespaart – de Papp (Wade) erënnert sech u bal näischt …
Wat ass mat deem zweete Meedchen geschitt? Lieft hatt nach?
Am Buch ginn et vill Zäitspréng, dat huet mech heiansdo duercherneen bruecht. Och hunn ech mech gefrot, firwat d’Ann, dem Wade seng zweet Fra esou een Interessi un der Vergaangenheet huet. Ass se ieren a Gefor? Huet dës Koppel sech iwwerhaapt gären? Oder ass d’Bestiednis just e Mëttel zum Zweck? Wat ass Wourecht? Wat Abildung? Et gëtt vill spekuléiert …

Flott ass, dass Demenz an der Geschicht thematiséiert gouf – dat ass e Pluspunkt!

De Klappentext war interessant, leider war d’Geschicht net sou fesselnd ewéi erwaart.
De Schreifstil vun der Autorin ass detailléiert – villäicht souguer e bëssen zevill. Leider bleiwen och nach vill Froen op. Fir mech war et definitif keen Häerzensbuch …

Kategorien:Diana

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s