Arena

Lifehack

Wat mir um June Perry senge Bicher am beschte gefält, sinn d’Zukunftsvisounen – och an dësem Buch geet et nees ëm kënstlech Intelligenz.

An der Schoul begéint d’Ellie dem Ada, hatt ass him ewéi aus dem Gesiicht geschnidden. Hatt wëll dem Ellie säi Liewen iwwerhuelen an endlech e richtege Mënsch sinn.
Geléngt him dat? D’Ellie muss fir Gerechtegkeet kämpfen – mä zu wéiengem Präis?
D’Geschicht gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt, am interessanten hunn ech dem Ava seng Gedanken a Gefillswelt fonnt.
Dem Ellie seng Entwéckelung am Laf vun der Zäit huet fir vill Erstaune gesuergt, se war souzesoen d’Kiischt um Kuch.

Kënnen Robotere Gefiller hunn? Léift ëmpfannen? Hu si e Gewëssen a Versteesdemech fir dat Richtegt a Falscht? Oder sinn et just Maschinnen? D’Technik mécht ëmmer méi Fortschrëtter, ech si gespaant, wat eis nach alles erwaart. D’Alexa an de Siri hunn jo schonns vill Kontroll iwwert eis – et ass kamoud, mä muss et wierklech sinn?

Et ass e Jugendbuch, mä och mir Erwuessener kommen op eis Käschten!

Kategorien:Arena

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s