D’Liewen ass kee Wonschkonzert – des Erfarung muss d’Diana, eis Protagonistin maachen. D’Geschicht gëtt aus senger Perspektiv erzielt, esou léiere mir hatt, seng Gedanken, Dreem a Wënsch am beschten kennen. D’Liewen huet vill Iwweraschungen fir eis parat a genee dorëms geet et an dësem Buch. Et kënnt dacks anescht wéi e mengt.
D’Diana huet d’Nues voll vun de Männer, hatt wëll sech mol op sech konzentréieren. Natierlech geet dat schif aus, hatt leeft dem Ben iwwert de Wee – a bei senge Musekelen géinge mir d’Sabberen och aus dem Mond lafen …
Hält hatt u senge Prinzipien fest? Oder gëtt hatt schwaach? Fënnt de Ben de Wee an dem Diana säin Häerz?
A wat mécht hatt mat sengem Ex? Sinn dräi net een zevill?
D’Handlung huet Kapp a Schwanz(hihi), ech hu mech gutt ënnerhalen gefillt. An jo, villäicht fënnt sech déi eng oder aner Fra am Buch erëm. Et ass d’Liewen!
Et ass e wonnerbare Roman iwwert d’Léift a Frëndschaft, ech géif gäre méi dovunner liesen.
D’Geschicht ass humorvoll a locker-flockeg.
Kategorien:BOD - Selbstverlag