rororo

Das Echo deines Todes

Das Echo deines Todes huet mech aleng dowéinst faszinéiert, well eng vun de Protagonisten Asperger huet.
Eng Insel, e puer al Frëndinnen, e vermësstent Meedchen, Geheimnisser an allerhand Dreeungen suergen fir e puer spannend Liesstonnen. Iwweraschend Wendungen hu mir et schwéier gemaach, d’Rätsel opzeléisen – an och eis Protagonisten hunn et bal net gepackt.

Nodeems d’Frëndinnen sech 16 Joer laang net gesinn hunn, sinn se erstaunt eng Aluedung an hiert alt Vakanzenhaus ze kréien. Ginn si elo endlech gewuer wat mam Becca geschitt ass? Oder gëtt e krankt Spill gespillt? Wien manipuléiert wien? Ass et dem Becca säi Geescht? D’Fraen sinn onsécher, kënne si sech géigesätzeg trauen? Komme si alleguerten lieweg vun der Insel? Oder rennen si an hiert Verdierwen? Et ass definitiv net esou ewéi et schéngt – et ass schlëmmer. Hannerhälteg.
Huet d’Polizei sech deemools genuch gekëmmert?

Am Buch fannen sech och verschidden Zéienaussoen aus der Vergaangenheet, esou kritt e mat, dass jiddereen e Geheimnis huet.
D’Sophie Kendrick huet mech nach ëmmer mat senge Romaner begeeschtert – ech sinn op den nächste gespaant.

Kategorien:rororo, rowohlt

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s