BOD - Selbstverlag

Poppy

Poppy vum Astrid Korten bleift engem nach laang am Gedächnis – d’Geschicht huet nämlech real Hannergrënn. Sensibel Mënschen kéinten getriggert ginn, Respekt un d’Autorin, dass si dës Thematik op d’Tapéit bruecht huet. Et war bestëmmt schwéier. Sexuelle Mëssbrauch ass heikel, ech fannen et eng Sauerei, dass en haut nach ëmmer ënnert den Teppech gekiert gëtt. Et muss méi driwwer geschwat ginn!
Am schlëmmsten ass, dass d’Geschicht aus dem Poppy senger Siichtweis erzielt gëtt, et kritt e mat wéi seng Séil zerfält. Hatt hat eréischt 6 Joer! An d’Mamm interesséiert sech net, di ass zefridden mam neie Mann. O, wat dat mech uneekelt – déi Ignoranz. Ech géif d’Poppy gären an den Aarm huelen a soen, dass alles gutt gëtt, mä dat ass gelunn. Déi Narben ginn ni méi ewech. Wéinstens huet hatt iwwerlieft! Schéin dass d’Madamm Korten him eng Stëmm ginn huet, ech war dacks rosen an traureg, et ass bal net a Wierder ze faassen.
Wann Iech eppes komesch virkënnt – mellt et. Dir kéint Liewen retten.

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s