Drachenmond Verlag

Slayer

A menger Jugend war d’Buffy meng Heldin, ech hu keng Folleg vun där Serie verpasst! O, wat war ech an de Spike verknallt … Ech war ganz aus dem Haischen ewéi ech matkritt hunn, dass den Drachenmond-Verlag e Buch aus dem Buffy-Universum erausbréngt. Déi al Uspillungen sinn eng Freed fir Fans, et war flott nees e bëssen Zäit an dëser Welt ze verbréngen.

D’Nina a seng Zwillingsschwëster liewen an der Akademie vun de Wächter. D’Welt steet op der Kopp, et gëtt keng Magie méi. No enger Zäit fënnt d’Nina duerch Zoufall eraus, dass hatt eng Jeeërin ass – déi lescht iwwerhaapt. Dat ass eng grouss Verantwortung déi op senge Schëlleren laascht. Verdréit d’Schwëstereverhältnis déi nei Rolleverdeelung? De Lieser léiert nawell vill aussergewéinlech Charaktere kennen, et gi vill Geheimnisser opgedeckt an Damöne gejuegt. Natierlech kënnt den Humor net ze kuerz, ech hunn dacks misse laachen – et war een ënnerhaalend Lieserliefnis!

Et wäert nach en zweeten Deel ginn, ech freeë mech drop, nach eemol an dës Welt ze reesen …

Kategorien:Drachenmond Verlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s