Kyss

Kissing Lessons

Vun Kissing Lessons gouf vill geschwat, ech hunn d’Geschicht allerdéngs enttäuschend fonnt. Eis Protagonistin huet Asperger, doduerch huet hatt Problemer mat soziale Kontakter. Reegelen mussen agehalen ginn, hatt huet fir alles e Plang an analyséiert gär. D’Mamm wënscht sech Enkelkanner – also muss hatt sech en uerdentleche Mann sichen. A mat deem muss fir d’éischt geübt ginn, et muss en Escort hier. De Michael schéngt perfekt ze sinn; hien gesäit gutt aus, ass intelligent an huet vill Gedold mam Stella. Et funkt tëscht hinnen. Mä hunn se iwwerhaapt eng Zukunft? Schliisslech trenne si Welten, mä Géigesätz zéien sech un.

An e beemol war alles ze einfach. D’Koppel huet Sex, Sex a Sex, ech hätt et méi flott fonnt, wann e méi op den Asperger agaangen wier. D’Autorin ass selwer dovunner betraff, dofir hätt ech mir dat Ganzt méi realistesch virgestallt. Esou séier gëtt een seng Macken/Zwäng net op. Mä bon – Sex sells. Den nächsten Deel wäert ech net liesen, d’Buch huet mech enttäuscht.

E Pluspunkt war den Humor, en zitt sech ewéi e roude Fuedem duerch d’Buch.

Kategorien:Kyss, rowohlt

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s