rororo

Resistent

Mir huelen vill ze dacks Antibiotika, et gëtt virdrun gewarnt …

Iergendwann verléieren se hier Wierkung. An dann? Et wär eng Katastroph!

Dëse Roman beschäftegt sech e bëssen mat den Auswierkungen.

1945

De klengen Tsan ass mat senger Mamm an de Gesëschter op der Spillplaz – eng Atombomm explodéiert, hien ass deen eenzegen wou iwwerlieft huet. Dat war eng traumatesch Erfahrung fir hien!

Onvergiesslech.

An der Géigewaart ass hien de Big Boss vun engem grousse Pharmakonzern. Hien denkt nach dacks u seng verstuerwe Famill, e wëll sech un de Verantwortleche rächen. Un den Amerikaner!

Hie wëll se resistent géint Antibiotika maachen – an dann nokucken wéi se ewechstierwen.

Gott sei Dank ass de Polizist John him op der Spuer … Mä fënnt en d’Wourecht matzäiten eraus? Wéivill Affer wäerten et ginn?

Den Autor huet den Haass an Horror immens gleefhaft beschriwwen, d’Schudderen si mir de Réck erofgelaf. Mir wiesselen tëscht der Vergaangenheet an der Géigewaart, begleeden den Tsan beim Opbau vu senger Firma a senge Pläng.

Et ass erschreckend ze gesinn, wéivill Afloss Reklammen op eis hunn, et stëmmt nodenklech.

Kategorien:rororo, rowohlt

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s