Goldmann

Spiegelstadt-Trilogie

20200227_105132

Dës Trilogie war exzellent! All Buch huet tëscht 800-900 Säiten, ech hat laang eppes dervun.

Mat 6 Joer gëtt d’Amy vun FBI-Agenten entfouert, si bréngen hatt an eng geheim Ariichtung. Hatt ass eng Testpersoun fir Experimenter – mä dat geet schif aus. Aplaz e Wonnermëttel géint Krankheet an den Alter ze fannen, schafen d’Dokteren versehentlech Monsteren.
Se ginn Virals genannt a gläichen Vampiren. D’Welt geet ënner, d’Apokalypse ass net opzehalen. Jiddereen gëtt krank a verwandelt sech. Huet Honger no Blutt.
Just d’Amy ass verschount ginn. Firwat? Ass hatt immun? Mutéiert? Kann hatt d’Mënschheet retten? A wat ass mat den aneren Testpersounen? Wat hu se wëlles?

De Lieser begleet d’Amy an e puer aner Mënschen op hierem schwéiere Wee, de Kampf géint d’Virals fuerdert vill Affer. Et ass emotional. Duerch dem Autor seng Schreifweis ass een hautno dobäi, Kappkino ass garantéiert. Schon aleng d’Buchcoveren weisen, dass et keng einfach Romaner sinn. Et kann e séier den Iwwerbléck verléieren – d’Geschicht gëtt nämlech aus verschiddenen Perspektiven erzielt.
Et geet iwwert Joerzéngten. Nee, et geet iwwert Joerhonnerten. Ganz Generatiounen leiden ënnert den Virals, en Neiufank ass schwéier. Mä sécherlech derwäert, oder?

Wat huet d’Amy mech geléiert? Opginn ass net dran – kämpf fir däi Gléck! Lief! 😀

D’Trilogie sollt och verfilmt ginn, mä leider ass The Passage no enger Staffel ofgesat ginn. D’Ëmsetzung war guer net sou iwwel. Schued!

Kategorien:Goldmann

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s