Die Sekte 2

Spoileralarm! Wann Dir den éischten Deel nach net gelies hutt - net weiderliesen. D'Sofia huet et geschafft, hatt ass Via Terra entkomm, de Sektenführer Franz gëtt ugeklot a viru Geriicht gestallt. Eigentlech kéint d'Sofia elo optimistesch an d'Zukunft kucken, mä hatt traut dem Fridden net richteg. An dat zu Recht. De Franz wëll sech rächen, … Die Sekte 2 weiterlesen

Gestohlene Erinnerung

Erënnerungen sinn dat wäertvollst wat mir hunn, mä wat geschitt mat eis, wa se falsch sinn? De Barry, Privatdetektiv ermëttelt wéinst mysteriéisen Doudesfäll - Mënschen ginn an den Dout gedriwwen, falsch Erënnerungen quälen si zevill. D'Helena ass eng Wëssenschaftlerin, hatt huet eng Technologie entwéckelt, déi wichteg Erënnerungen konservéiert. Den éischte Kuss, eng Hochzeit, d'Geburt vum … Gestohlene Erinnerung weiterlesen

Die Jägerin

D'Lori ass eng interessant Protagonistin - beruflech schafft hatt als 'Kopfgeldjäger', hatt ass awer och alengerzéiend Mamm. Säi Meedchen Dakota huet Leukämie, et ass schwiereg d'Geldproblemer an de Grëff ze kréien. Een Optrag soll nees fir e volle Portemonne suergen, allerdéngs muss d'Lori säi Meedchen mat op den Tuer huelen. Ob dat eng gutt Idee … Die Jägerin weiterlesen

The Plus One

"Ech bake mir einfach e Mann!" Wien huet dat net scho gesot? D'Protagonistin Kelly ass kee Bäcker, mä Ingenieur, hatt baut sech een. Seng Aufgab besteet doranner Assistenzroboter z'entwéckelen - si sollen bedürftege Mënschen d'Liewen vereinfachen. Hatt ass e Workaholic duerch an duerch. Dass hatt aleng do steet, gëtt him bewosst wéi seng jéngste Schwëster … The Plus One weiterlesen

Der Trip

Ech hu mäi Meedchen eemol kuerz an der Belle-Etoile verluer - et war schrecklech, och wann et just e puer Minutte waren. D'Mamm an dësem Buch erlieft den Horror, d'Meedchen ass an Thailand verschwonnen. D'Police gëtt ageschalt an och d'Reporterin Kate probéiert esou gutt et geet ze hëllefen. Leider gëtt d'Alex (a seng Frëndin) doudeg … Der Trip weiterlesen

De Charly

D'Charly-Bicher hu mengem klenge Meedchen eng grouss Freed gemaach, hatt kuckt sech se dacks un a rätselt mat. Et ginn zwee där Bicher: De Charly a seng kleng Frënn De Charly a seng grouss Frënn Et gëtt ganz vill z'entdecken, de Bësch, Déieren - d'Natur eben. Op spilleresch Aart a Weis léieren d'Kanner vill nëtzlech … De Charly weiterlesen