BOD - Selbstverlag

Der Amok-Insasse

Ewéi ech dëst Buch op engem Bicherblog fonnt hunn, wosst ech direkt, dass ech et liese muss. Et kënnt aus dem Selbstverlag, den Autor nennt sech Bastian Litsek.
Zoufall? Bestëmmt net. Gëtt den Sebastian Fitzek op d’Schëpp geholl oder stécht hien ieren selwer hannert dësem opfällegem Pseudonym? Do kënne mir nëmmen spekuléieren. Parallelen zu senge Romaner sinn däitlech z’erkennen, ech hu mech gutt ameséiert! Et geet haaptsächlech ëm ‚Der Insasse‘. D’Sprooch ass fantastesch, ech war vun Ufank un gefesselt, den Sarkasmus huet mech gutt laachen gedoen – an d’Foussnouten eréischt.*
Dës Parodie ass wuel iwwerluecht a gouf gutt ëmgesat. Fantasi huet den Här Litsek! Ech hunn verschidden Säiten zweemol missen liesen, esou absurd witzek a makaber waren d’Wierder.** An morbid. Intelligent, voller Wourechten. Heiansdo huet en dem Lieser de moralesche Spigel virun d’Nues gehalen.
Et gëtt souguer eng literaresch Iwweraschung, déi fir vill Kapprëselen gesuergt huet. Chapeau!
Op dëst Lieserliefnis muss e sech komplett aloossen. An näischt denken, soss ass de Genoss futsch.
Sollt d’Handlung de Lieser frustréieren – hannen am Buch ginn et Ausmolzeechnungen; dat wierkt berouegend.****

Wat géif den Denis Scheck zu dësem „Wierk“ soen? 🤣

Et deet mir net leed Suen fir dëst Buch ausginn zu hunn …***

*Ganz éierlech, Tréine sinn mir komm!
**Wierklech!
***An dat ass kee Witz.
****Ech hu meng schwaarz/wäiss gelooss, d’Buch huet mol keen Ieselsouer.

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s