Goldmann

Dark Matter

An dësem Buch sprange mir mat eisem Protagonist duerch Parallelwelten, den Jason ass nämlech vun engem onbekanntene Mann aus sengem gewinntene Liewe gerappt ginn. Gëtt et iwwerhaapt en Zeréck? Wat erlieft en op senger Sich? Et ass net nëmmen eng Sich no senger Welt, et ass och eng Rees a säi Charakter. Wien ass en? Wat mécht en aus? Wat wëll en a wéi wäit geet den Jason dofir? D’Erklärungen vun Schrödingers Katze hu mir am beschte gefall, ech hat e gutt Versteesdemech fir d’Handlung an d’Gesamtsituatioun am Buch.
Souguer dono hunn ech nach mat mengem Mann driwwer philosophéiert – wou wäre mir an enger anerer Welt? Wou géif ech stoen? Wat hätt ech erlieft? Geleescht? Wéi géif ech op mech selwer reagéieren? Ech hunn d’Buch net aus der Hand geluecht!

Quantenphysik, String-Theorie, et gouf allerlee Wëssenschaft erkläert – et huet mech faszinéiert.
Wärend der Lektüre hunn ech mech u meng Jugend erënnert – ech hunn d’Serie Sliders verschlongen. ‚t war flott!

Ech hunn well e puer Bicher vum Blake Crouch a mengem Bicherschaf – et huet nach keent mech enttäuscht! Mëtt Mäerz kënnt säin nächst Buch op den däitsche Marché, et steet well op menger Wonschlëscht. Der Zeitenläufer gëtt verfilmt an ech weess, dass ech mir den Film (an dësem Universum) net entgoe wäert loossen.

Kategorien:Goldmann

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s