Arctis

Ferryman


Bis dass der Tod uns scheidet – an dësem Buch ass et genee ëmgedréit.

Dës Léift fänkt eréischt mam Dout un. Dylan léiert den Tristan op ongewéinlechen Wee kennen, hatt huet en Accident mam Zuch. Am Glawen iwwerlieft ze hunn, begleed hatt e jonke Mann – an der Hoffnung Hëllef ze fannen. Mä et ass net ewéi et ausgesäit, den Tristan ass nämlech säin Ferryman. E begleed dat jonkt Meedchen op sengem leschte Wee, si erliewen sou munches. Positives ewéi Negatives. Geféierleches. Emotionales. Si léiere sech kennen – a jo, Gefiller kommen op. Dës Léift ass onméiglech, mä ass se och verbueden? Et ass emotional. Hoffnungslos. A voller Hoffnung.
Iwweraschungsvoll!
D’Buch huet mech gefesselt, mir léieren dem Dylan an dem Tristan hier Perspektiv kennen. Spannend dorunner ass, dass den Tristan eben e Ferryman ass. Wat huet en erlieft? Wéi ass d’Zwëschewelt? Wéi ëmpfënd d’Dylan se?

Et gouf schonn annoncéiert, dass d’Buch verfilmt gëtt! Ech hoffen, dass déi aner zwee Deeler vun der Trilogie et och an den däitschen Verlag packen! Ech muss onbedéngt wëssen ewéi et weidergeet.

Kategorien:Arctis

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s