btb

Unschuldig

An dësem Buch gëtt mat engem reale Phänomen gespillt, et ass tatsächlech wouer, dass et Prisongsfrae gëtt. Si fänken Bréiffrëndschaften mat (bekanntene) Mäerder un. Verléiwe se. Bestuede sech. Duerch de Prisong hu se déi néideg Distanz a fille sech a Sécherheet. Am Buch ass et net esou – eis Protagonistin kämpft fir seng grouss, agespaarte Léift. Gleeft u seng Onschold. Mä kennt hatt hie wierklech?

D’Sam ass faszinéiert vum Dennis – engem veruerteelte Mäerder. Hatt dreiwt sech a Foren ronderëm, liest Verschwörungstheorien. Sicht no Hiweiser fir seng Onschold ze beweisen. A sicht Kontakt zu him. Ob dat gutt ass?

Ech hu fonnt, dass d’Geschicht eréischt richteg Schwong kritt huet, nodeems den Dennis entlooss ginn ass. Säi Charakter huet méi Facetten kritt. Mä ob se dem Sam gefalen?
Réckblécker (Buchauszich, Dokumentatiounen) weisen eis wéi et zu där Dot komm ass – mir léieren den Dennis besser kennen. D’Schreifweis ass e bëssen kill eriwwerkomm, d’Emotiounen hu mech leider net matgerappt! Ech sinn net waarm mat de Protagonisten ginn. Eréischt déi lescht Kapitelen waren esou onerwaart, dass et liesenswäert ginn ass.

Kategorien:btb

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s