Carlsen

Obsidian-Reihe

20200311_123539

Mat dëser Bicherrei huet d’Jennifer L. Armentrout mech begeeschtert, ech war direkt süchteg. D’Charakteren, d’Geschicht – et passt alles.

D’Katy, eng Buchbloggerin ass frësch a West Virginia geplënnert, seng Mamm ass der Meenung, dass der Famill een Neiufank gutt deet. Op der Sich no uerdentlechem Internet mécht hatt d’Bekanntschaft mat sengem granzegen Noper Daemon a senger Schwëster Dee. Déi zwou jonk Fraen frënden sech un – den Daemon ass net begeeschtert iwwert dës Entwéckelung. An dat huet och e Grond. Sie probéieren sech aus dem Wee ze goen, mä d’Liewen huet aner Pläng mat hinnen. Leider kann ech net allzevill iwwert d’Handlung schreiwen – soss spoileren ech. Et léisst sech einfach liesen, niewt der Léift huet all Band nach eng gutt Portioun Erotik op Lager. An d’Actioun kënnt och net ze kuerz. Et gi vill Geheimnisser opgedeckt, et besteet andauernd Gefor an net jiddereen iwwerlieft de Kampf tëscht Gutt a Béis. D’Charakteren si mir un d’Häerz gewuess – déi eng méi, déi aner manner. A verschiddener hunn ech mech getäuscht …
D’Liesen vun dëse Bicher ass ewéi Achterbunn fueren, e stännegen Rop a Rof. Et ass fantasievoll. A mysteriéis.

Ech hu mir de Schuber bestallt, do sinn déi 6 Bicher dran, ausserdeem enthalen se e puer Bonusgeschichten. Dës Welt huet mech esou gefesselt, dass ech och déi zwee Bänner Revenge gelies hunn, de Protagonist ass e Kolleg vum Katy an dem Daemon. Ech sinn op den drëtten Deel gespaant!
Vu mir aus kéinten nach vill Bicher aus dëser Welt geschriwwen ginn – ech géif se verschléngen.

Teenager si bestëmmt verréckt no dëse Geschichten – zumools nom Daemon.

Elo sinn ech nach gewuer ginn, dass eng Verfilmung um Programm steet.
Yuppie!😍

Kategorien:Carlsen

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s