BOD - Selbstverlag

De Charly

20200313_124057

D’Charly-Bicher hu mengem klenge Meedchen eng grouss Freed gemaach, hatt kuckt sech se dacks un a rätselt mat.

Et ginn zwee där Bicher:
De Charly a seng kleng Frënn
De Charly a seng grouss Frënn

Et gëtt ganz vill z’entdecken, de Bësch, Déieren – d’Natur eben. Op spilleresch Aart a Weis léieren d’Kanner vill nëtzlech Informatiounen kennen, d’Bicher sinn léierräich. Wat maachen d’Déieren am Bësch? Ewéi ass de richtegen lëtzebuergeschen Numm? Wéi ernähren si sech?
Sichaktiounen suergen fir Spillspaass, kleng Kanner kënnen ausserdeem e bëssen d’Zielen üben. Déi näschte Kéier am Bësch erkenne mir villäicht schonn déi eng oder aner Déierespuer …
Tëscht de Buchdeckelen stécht méi wéi een erwaart; all Säit ass en zweete Bléck wäert. D’Illustratioune sinn net nëmme schéi faarweg, kraaftvoll ass nach en Ausdrock de mir an de Kapp komm ass.
Ausmolbiller a Bastelideeën fuerden d’Fantasi. De Charly vermëttelt Wëssen, Spill a Spass.
A fir d’Mammen (a Pappen) huet den Charly natierlech och eng Klengegkeet – hannen am Buch fënnt een e puer Rezepter, déi onbedéngt ausprobéiert musse ginn!

Merci Här Peters, et war flott d’Bicher kennenzeléieren 😀

Kuckt Iech de Shop mol un – et sinn allerlee flott Saachen dran ze fannen, Plüschdéieren, Prabbelien a ganz vill méi!
http://www.decharly.lu

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s