rowohlt

Der Trip

Ech hu mäi Meedchen eemol kuerz an der Belle-Etoile verluer – et war schrecklech, och wann et just e puer Minutte waren. D’Mamm an dësem Buch erlieft den Horror, d’Meedchen ass an Thailand verschwonnen.
D’Police gëtt ageschalt an och d’Reporterin Kate probéiert esou gutt et geet ze hëllefen. Leider gëtt d’Alex (a seng Frëndin) doudeg opfonnt. War wierklech e Brand d’Ursach? Oder stécht méi dohannert? A beemol ass d’Journalistin och Deel vun der Story, säi Jong Jake schéngt eppes mat der Dot ze dinn hunn.
An dësem Buch ginn et vill Erzielperspektiven – d’Mamm, d’Journalistin an de Polizist. Emailkorrespondez vum Alex weist dem Lieser wéi d’Vakanz wierklech fir hatt ass.
D’Kapitele si kuerz a liesen sech séier, de Schreifstil huet mir gefall. Et mierkt e beim Liesen, dass d’Autorin Gerichtsreporterin war, si ass detailléiert. Ass d’Press tatsächlech esou manipulativ?

D’Fro ass natierlech – hätten d’Elteren eppes anescht kéinte maachen? Oder gehéieren d’Scholdgefiller an d’Verzweiflung zum Trauerprozess?

Ass den Jake schëlleg? Oder gouf en an eng Fal gelackelt?

Dëst Buch huet mir nach en Tick besser gefall ewéi ‚Die Witwe‘ oder ‚The Child‘. Dat nächst kann kommen!

Kategorien:rowohlt, Wunderlich

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s