Die Jägerin

D’Lori ass eng interessant Protagonistin – beruflech schafft hatt als ‚Kopfgeldjäger‘, hatt ass awer och alengerzéiend Mamm. Säi Meedchen Dakota huet Leukämie, et ass schwiereg d’Geldproblemer an de Grëff ze kréien. Een Optrag soll nees fir e volle Portemonne suergen, allerdéngs muss d’Lori säi Meedchen mat op den Tuer huelen. Ob dat eng gutt Idee ass? De Flüchtegen ass nämlech keen Onbekanntenen, d’Lori muss den JT fannen – dee Mann huet hatt alles geléiert. Wéi geféierlech gëtt et? Ass et schlëmm sengem Mentor an de Réck ze falen? Huet hatt seng perséinlech Gefiller am Grëff? Et sollt en einfachen Job sinn – a beemol geet et ëm Liewen an Dout. Steet d’Lori op der richteger Säit? Ass den JT e vun de Gudden? Oder kritt e sech sou gutt verstallt? A wéi geet Dakota mat der Situatioun ëm? Geet et am JT sengem Fall ëm Gerechtegkeet oder Selbstjustiz? Wéi reagéiert d’Lori op d’Wourecht? Vill Froen, mä et gëtt op alles eng Äntwert.

A Réckblécker gi mir gewuer ewéi d’Lori an den JT sech kennegeléiert hunn – wat si verbënnt. Wat hir Bezéiung ausmécht. D’Vergaangenheet ass genee esou beweegend ewéi d’Géigewaart …
Der Autorin hire Schreifstil huet fir e spektakuläre Kappkino gesuergt, ech hu mech gutt ameséiert. Et war Action pur! Spannend vun der éischter bis zur leschter Säit 😀

D’Buch ass den éischten Deel vun enger Rei, ech freeë mech nach méi iwwert d’Lori ze liesen! Wat kënnt nach op hatt duer? An ech hoffen, dass d’Dakota am nächsten Band bei beschter Gesondheet ass, dës fiktiv Famill ass mir un d’Häerz gewuess …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s