Goldmann

Gestohlene Erinnerung

Erënnerungen sinn dat wäertvollst wat mir hunn, mä wat geschitt mat eis, wa se falsch sinn? De Barry, Privatdetektiv ermëttelt wéinst mysteriéisen Doudesfäll – Mënschen ginn an den Dout gedriwwen, falsch Erënnerungen quälen si zevill.

D’Helena ass eng Wëssenschaftlerin, hatt huet eng Technologie entwéckelt, déi wichteg Erënnerungen konservéiert. Den éischte Kuss, eng Hochzeit, d’Geburt vum Kand, et kann een alles nach eemol erliewen. Mä ass seng Technik sécher?

De Barry an d’Helena dinn sech zesummen fir den Erënnerungsmäerder ze fannen, d’Geschicht gëtt aus deenen zwou Perpektiven erzielt. Kënne si sech op hir Erënnerungen verloossen. Oder goufen se well manipuléiert? Wat ass real? Et geet drëms d’Welt ze retten.
Ewéi schonn beim Zeitenläufer spillt den Blake Crouch mat Parallelwelten an alternativen Zäitlinnen.
Wëssen ass Muecht, mä ewéi geféierlech kann dës sinn? Wou ass d’moralesch Grenz? Et kann e gutt driwwer philosophéieren, et ass en interessant Gedankespill!
De Blake Crouch iwwerascht mech allkéiers, et war flott, dass hien och dës Kéier d’Wësseschaft thematiséiert huet. Sci-Fi ass normalerweis net esou menges, de Blake Crouch huet awer eng fest Plaz a mengem Bicherregal fonnt. Wat thematiséiert hien wuel fir d’nächst? Mir däerfen gespaant sinn!

Kategorien:Goldmann

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s