blanvalet

Die Sekte 2

Spoileralarm!
Wann Dir den éischten Deel nach net gelies hutt – net weiderliesen.

D’Sofia huet et geschafft, hatt ass Via Terra entkomm, de Sektenführer Franz gëtt ugeklot a viru Geriicht gestallt. Eigentlech kéint d’Sofia elo optimistesch an d’Zukunft kucken, mä hatt traut dem Fridden net richteg. An dat zu Recht. De Franz wëll sech rächen, Dreeungen sollen hatt aschüchteren – an hatt esou heem bréngen. Kritt hien nees Muecht iwwert déi jonk Fra? D’Sofia ass eng staark Perséinlechkeet, et gefält mir, dass hatt sech net ënnerkréien léisst. Hatt kämpft fir en onofhängegt Liewen a probéiert sech sengen Dämonen ze stellen …

Ewéi scho gesot, d’Geschicht ass fiktiv – mä duerch der Autorin hir perséinlech Erfarungen mat Sekten stécht vill Wourecht dran. Et ass erschreckend, et stëmmt nodenklech. Firwat léisst de Mënsch sech esou behandelen? Esou manipuléieren? Den drëtten Deel vun dëser Trilogie kënnt an e puer Méint op de Marché, ech hoffen op en Happy-End.

Kategorien:blanvalet

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s