Als Kand wollt ech an en Internat goen, Hanni und Nanni huet mech faszinéiert. Eis Protagonistin Freya fillt sech allerdéngs onwuel a senger neier Schoul – eng Matschülerin, d’Maria ass verschwonnen. Wat ass geschitt? Gouf hatt ermuerd? Oder ass hatt fortgelaf? Dës Dot léisst dem Freya keng Rou, hatt probéiert ze verstoen, wat dem Meedchen geschitt ass, mä net jiddereen ass frou iwwert seng Froen. Dreeungen stinn um Programm, hatt bréngt sech dacks a Gefor. Just de Leo, e Proff schéngt op senger Säit ze sinn.
Ech hu probéiert matzerätselen, d’Autorin huet et wonnerbar verstanen, mech op falsch Spueren ze bréngen. Ech wosst laang net, wien dee Schëllegen ass. Heiansdo liese mir e Kapitel aus dem Maria senger Perspektiv, dat suergt fir weider Froen a Spannung. Och Gänsehaut aus garantéiert, zumools wann d’Freya duerch de Bësch trëppelt …
Dëse Jugendthriller kann och gären vun Erwuessener gelies ginn!
Kategorien:Oetinger