Coppenrath

Mind Games

Am Luna senger Welt ass alles virtuell – d’Schoulen, d’sozialt Liewen, de Sport a villes méi. Mä hatt ass e Verweigerer, hatt mécht näischt online – souguer säin Auto muss selbststänneg gesteiert ginn.
Et ass eng eidel Welt, Gott sei Dank ass se net real. D’Iwweraschung ass immens, ewéi eng grouss Computerfirma him eng Aarbecht ubitt, si fannen hatt wäertvoll; warscheinlech well seng Mamm e bekanntenen Hacker war. Firwat hu si Interess un him? En Aarbechtskolleg, de Gecko fënnt déi ganz Saach verdächteg, si probéieren d’Rätsel ze léisen – bis dass de Gecko verschwënnt. Ass en der Wourecht ze no komm? D’Luna muss aleng eens ginn, seng Angscht ass däitlech spierbar. Kämpft hatt fir sech oder steet d’Zukunft um Spill? Hält d’Firma sech u moralesch Gesetzer? Oder ass et hinnen egal?

D’Geschicht ass zimmlech düster a bedréckend, ech hunn se verschlongen. Et fänkt een automatesch un iwwert säin Online-Konsum nozedenken. Ass et zevill? Besteet Suchtgefor?

Gréng ass meng Liblingsfaarf – dofir gefält de Buchcover mir gutt 🥰
Mir gefalen Zukunftsthriller, zumools wann virtuell Realitéiten am Spill sinn …
Se stëmmen mech nodenklech, ech froe mech, wat Technik nach alles fäerdeg bréngt. Gi mir enges Dages vun Maschinnen ersat? Technik ass aus eiser Welt net méi ewechzedenken – soulaang een se net ausnotzt.

Kategorien:Coppenrath

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s