BOD - Selbstverlag

Rose Snow Dilogie des Spiels

20200402_125250

Dës Dilogie vum Autorenduo Rose Snow ass magesch. Fir nach e bëssen besser an d’Geschicht eranzetauchen gëtt et e klengt Bichelchen – e Prequel. Mä et muss een en net onbedéngt liesen.
Mir huet et gehollef ze verstoen, firwat d’Pheobe net gären ob d’magesch Universitéit wëll goen. An all Eck laueren al Bekanntschaften a schlecht Erënnerungen. Et gi Gedanke gelies an Telekines ugewannt. De Flynn aus dem Summercamp bréngt seng Gefillswelt duercherneen. Steet en op där richteger Säit? A säi Cousin Colin? Wat huet et mat dem ominéise Kaartespill op sech? Well et d’Schüler kontrolléieren? Leider Gottes muss gespillt ginn – mä wien gewënnt? Eng geféierlech Muecht wëll d’Kontroll iwwerhuelen.

De Schreifstil huet mech verzaubert, ech hunn eng Säit no der anerer verschlongen – an dono direkt mam zweeten Band ugefaangen. Ech hunn un de Buchstawe gepecht.
Den zweeten Deel fänkt do un, wou den éischte Band opgehalen huet, et bleiwe keng Froen op.

Nodeems ech d’Serie The Magicans gekuckt hunn, sinn ech vun mageschen Universitéiten faszinéiert – ausser vum Harry Potter, ech ginn zou, dass ech nach keen Deel gelies hunn.

Ech wäert nach méi fantastesch Bicher vum Rose Snow liesen, d’Fantasy, den Humor an d’Ëmsetzung gefält mir!
D’Autorinnen bréngen d’Bicher am Selbstverlag eraus.
Respekt!

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s