Dressler

The Grace Year

Menger Meenung no ass Grace Year e Jugendroman fir jonk Fraen – zumools Teenager. Et geet ëm Selbstbestëmmung, Famill, Dreem, Magie a Liewensqualitéit. Ëm d’Wandlung vu Meedchen zur Fra.

De Verglach mat Tribute von Panem (deen ech iergendwou gelies hunn) ass guer net esou verkéiert.
Am Grace Year entscheed sech d’Zukunft vun den Teenager, déi dobäi sinn. Si ginn fir e Joer an de Bësch geschéckt – anscheinend fir hir Magie lasszeginn, déi soll geféierlech fir Männer sinn. Soll dat stëmmen? Oder ass et just e Mäerchen? Tierney ass d’Protagonistin an esou e Charakter ewéi d’June beim Report der Magd. Hatt stellt alles a Fro. Wëllt d’Reegelen änneren an der zukünfteger Generatioun e bessert Liewen ze schafen. Hatt ass eng Heldin – voller Courage! Mä geléngt him dat? Den Haass vun den aneren jonke Fraen vergëft d’Atmosphär am Lager. Gräife si sech ieren selwer un aplaz zesummenzehalen?
Wéini ass d’Zäit fir eng Verännerung? Gëtt et eng Rebellioun?

Dës Dystopie huet mech voll matgerappt an dacks nodenklech gestëmmt. D’Atmosphär war scho bal mat den Hänn ze gräifen, d’Liesen war besonnesch. Emotional. Fraen – dat schwaacht Geschlecht, Gleichberechtegung, et ass hautesdags nach ëmmer een Thema. Wéilaang nach?

Kategorien:Dressler

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s