BOD - Selbstverlag

Uterus – Ein Köln Krimi

Titel a Buchcover wierken villäicht e bëssen ofschreckend, mä et weist dem Lieser direkt, dass mir et net mat engem Libesroman ze dinn hunn! Zevill erzielen kann ech net – soss verroden ech scho bal alles …

D’Handlung gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt, et geet ënnert anerem ëm de Polizist Mark. Hien këmmert sech ëm dem Sophie säi Fall, hatt ass ouni Erënnerung an engem Fitnessstudio wakreg ginn? Wat hat hatt do wëlles? A wou ass seng Frëndin? Gouf hatt entfouert? Et ass mysteriéis, a beemol verschwannen nach méi Fraen. Gëtt et een Zesummenhang? Ass et e Seriemäerder? A wat huet et mam Ënnerleif op sech? D’Zäit gëtt knapp, kënnen d’Ermëttler de Wahnsinn ophalen? Gëtt et e Motiv? Den Krimi/Thriller ass wierklech spannend geschriwwen, ech wollt onbedéngt wëssen, wat et mam Mäerder op sech huet. An ech gouf net enttäuscht! Wäert de Mark nach e Fall ze léisen kréien? Ma hoffentlech.

Ech sinn op dat nächst Buchcover gespaant … 😀

Ech war nach ni zu Köln, elo konnt ech e bëssen duerch d’Stad spadséiere goen. Merci!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s