Verity

D’Colleen Hoover huet sech verännert, déi zwee lescht Bicher gehéieren éischter an de Beräich Psychothriller ewéi New-Adult. Dat gefält mir! De Schluss vum Buch war iwweraschend – a passt bei den Titel. Verity ass nämlech net nëmmen den Numm vun der Antagonistin, et ass och d’Wourecht. An dës gëtt bis zur leschter Säit falsch vum Lieser interpretéiert. Schonn aleng déi éischt zwou Säiten suergen fir grouss Aen a maachen direkt Appetit op méi. Et war schwéier lasszeloossen.

D’Protagonistin Lowen soll/däerf dem Verity seng Romanrei fäerdeg schreiwen – no engem Autosaccident ass d’Berüümtheet an engem „Wachkoma“. Dem Verity säi Mann Jeremy lued hatt an hiert Haus an, esou kann d’Lowen sech gutt aschaffen. D’Atmosphär ass bedréckend, d’Famill huet schonns vill déidlech Tragedien erlieft. Zoufall?
Wärend senge Recherchen am friemen Haus fënnt hatt e Manuskript wat net fir seng Hänn geduecht ass – dem Verity seng Autobiographie. D’Liesen verstéiert a verängstegt déi jonk Autorin. A wéieen Albdram ass hatt geroden? Bild hatt sech verschiddenes just an? Oder gëtt säi Liewe bedreet? Kann hatt dem Jeremy vertrauen? Mir huet et beim Liesen dacks d’Sprooch verschloen, d’Héngerhaut ass mir beim Verity senger Autobiographie ausgaangen, se ass näischt fir schwaach Nerven. Ech hunn de Kapp iwwert seng Handlungen misse rëselen, et war emotional.
Tjo, wat soll ech soen?
Is this real? Or is this just fantasy?
Fannt et eraus! 🙂

D’Colleen Hoover huet et wierklech drop an iwwertrëfft sech allkéiers!
(Verschidde Passagen am Buch kéinten sensibel Mënschen triggeren.)

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s