BOD - Selbstverlag

Wir können alles sein

Dëst Buch ass eng Libeserklärung un d’Léift.

Et ass schwéier d’Geschicht aus der Hand ze leeën, d’Emotioune rappen e mat. D’Geschicht ass melancholesch.
Ewéi d’Carolina d’Brida kenneléiert, schléit de Blëtz an – et ass Léift op den éischte Bléck. Allerdéngs besteet en Altersënnerscheed vun 20 Joer.
Wäerte si zueneen fannen?
Et ass e laange Wee fir sech op dës Bezéiung anzeloossen, déi zwou Fraen brauchen Courage. Si mussen duerhalen. A Viruerteeler bekämpfen. En alt Liewen hannert sech loossen.
Mir geheien e Bléck an hier Séil, gesinn Wënsch an Dreem. Hoffnungen. D’Léift an d’Trauer.
De Schreifstil vun der Autorin huet mech begeeschtert – si huet mech mat der philosophescher Sprooch verzaubert. Ausserdeem hunn ech Schottland duerch detailléiert Beschreiwungen kennegeléiert, et war ewéi wann ech do gewiescht wier.

D’Geschicht huet zwou Perspektiven, mir huet dat ganz gutt gefall – esou léiert een déi ënnerscheedlech Charakteren besser kennen.

Dëse Roman muss e genéissen. Schonn de Buchcover weist dem Lieser, dass e besonnescht Buch op e waart!
Et ass der Autorin hieren Debütroman, et däerf e gespaant sinn, wat nach alles kënnt.

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s