BOD - Selbstverlag

3 Leben mit dir

Wa mir eng Entscheedung aus eisem Liewen ännere kéinten – wéieng wier dat? Ech weess et, mä leider ass dat net méiglech.

D’Protagonistin Rebecca aus dësem Buch hëlt eis mat op eng sentimental an emotional Rees, mir kucken him bei sengen Entscheedungen iwwert d’Schëller.
Mä wéi eng ass déi richteg? Wéiee Mann ass de Richtegen? Wéi veränneren sech seng Liewen? Geet et duer op säin Häerz ze héieren oder brauch een och Verstand? Fënnt hatt säi Wee? A sech selwer? Et ass een emotionalt Rop a Rof, ech hat heiansdo Héngerhaut, ech hu mech fale gelooss.
Merci dofir!

Ech muss soen, dass d’Buch mech beandrockt huet, ech hu vill missen iwwert Entscheedungen nodenken. Iwwert Konsequenzen – Aktioun a Reaktioun. Iwwert d’Liewen am allgemengen. Der Autorin hiere Schreifstil huet mir e wonnerbare Kappkino gezaubert, ech konnt mir alles bildlech virstellen an och fillen.

Et ass keng einfach Lektüre fir zwëschenduerch, et muss een sech Zäit fir d’Geschicht huelen. A villäicht Nuesschnappecher prett leeën!

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s