Goldmann

In ewiger Schuld

Dem Maja säi Mann Joe ass ëmbruecht ginn, e puer Méint virdrun ass seng Schwëster op tragesch Manéier ëmkomm.
Gesondheetlech geet et him net ganz gutt, hatt war Pilotin bei der Navy. Seng posttraumatesch Stéierung mécht him d’Liewe schwéier, hatt huet Albdreem an akustesch Halluzinatiounen.
Fir dass hatt sech méi sécher mat der Nanny fillt, huet seng Frëndin him eng Billerrumm geschenkt – mat integréierter Kamera.
War dat eng gutt Iddi?
D’Maja traut sengen Aen net, wéi hatt den Joe op enger Opnahm gesäit, hie spillt gemittlech mat sengem Kand.
Dat kann dach net sinn? Huet d’Maja elo och visuell Halluzinatiounen?
Natierlech probéiert hatt där Saach op de Gronn ze goen, leider gëtt hatt net eescht geholl. Zumools dem Joe seng Famill reagéiert ofweisend – huet d’Maja villäicht e wonne Punkt getraff? Wéieng Geheimnisser probéieren se ze verstoppen? Hu se Läichen am Keller?
Soll hatt weider recherchéieren oder léiwer bei een Dokter goen?
Hatt muss sech konzentréieren an däerf keng Feeler maachen, d’Wespennascht ass méi grouss ewéi geduecht. Et gëtt geféierlech!
Ech hu scho vill Bicher vum Harlan Coben gelies – se hunn all eng Gemeinsamkeet. Se stieche voller Iwwerraschungen, de Schluss iwwerrascht mech ëmmer op en neits.
Bei senge Romaner loossen ech d’Spekuléieren op der Säit, ech leien ëmmer falsch. Et ass ëmmer anescht wéi een denkt. An dat gefält mir!
Allerdéngs hat d’Buch dës Kéier een Epilog de mir net gefall huet – ech fannen, et wär besser ouni gewiescht.
Mä dat ass Usiichtssach!

Wéieng Bicher hutt Dir da schonn vun dësem Autor gelies?

Kategorien:Goldmann

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s