Droemer Knaur

Tödliche Gier

Dëse Roman gëtt vun dräi Autorinne geschriwwen – e Psychopath mécht Juegd op eng ganz Famill. En huet wuel nach eng Rechnung mat hinnen op, ma wéi eng?

Virun 20 Joer ass der Famill Dillinger hiert Haus ofgebrannt, dem Ira säi Brudder konnt net méi gerett ginn. D“Famill ass auserneen gebrach, et war en Drama. Ass et nach ëmmer.
Elo – iwwer 20 Joer dono muss d’Famill sech erëmgesinn, den Ira wëll sech bestueden an hätt gären déi ganz Famill dobäi. Et ass en eenzegen Kuddelmuddel – d’Virbereedungen ginn sabotéiert, et gëtt gedreet an et geschéien Accidenter. Wien huet esou en Haass op d’Famill? A firwat?

Während dem Liesen hunn ech net matkritt, dass dräi Autorinnen um Buch geschafft hunn.
„Zuviele Köche verderben den Brei!“
Hei net!
Obwuel – d’Autorinnen hunn dräi Liibesgeschichten agebaut – menger Meenung no war dat ze vill därs Gudden.
D’Protagonisten sinn gutt gezeechnet, sinn hunn Charakter an hier Macken. Leider verléiert een liicht den Iwwerbléck.
D’Geschicht ass spannend a mécht Loscht matzerätselen.

Den zweeten Deel Diabolic kënnt deemnächst op de Marché, hoffe mer alt, dass d’Familljeverhältnisser sech bis dohinner berouegt hunn.

(Dësen Text hunn ech well am Dezember geschriwwen – Diabolic hunn ech och scho gelies!)

Kategorien:Droemer Knaur

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s