Penguin Verlag

Liebe mich, töte mich

An dësem Buch stécht méi ewéi een ufanks mengt, de spannenden Thriller ass a 5 Deeler opgedeelt. En ass gutt gelongen. Duerch d’Perspektivwiessel gefält mir dat ganz gutt. D’Geschicht spillt sech an der Géigewaart of, Réckblécker weisen dem Lieser awer wat fréier geschitt ass. D’Geo ass e vun eise Protagonisten an nawell e staarke Charakter. An zimmlech geheimnisvoll! Seng Entwéckelung ass gewalteg – vun der Geschäftsfra an de Prisong …
Hatt huet mech dacks iwwerrascht.

No laanger Zäit gëtt d’Angela doudeg opfonnt, dat ass de Moment wou dem Geo säi Liewen sech verännert. Wat weess hatt? Weider Läichen gi fonnt, de Mäerder hannerléisst dem Geo Noriichten, ma firwat? Ass et e Kaz a Maus-Spill?
D’Charakteren sinn authentesch, zemools de Calvin huet mech gegrujelt. Seng Agressivitéit ass duerch d’Buch däitlech spierbar gewiescht. Huet hien d’Geo wierklech gär? Oder wëll e just dominéieren? Kann een e Killer gären hunn?

Wat ass am Angela senger Doudesnuecht wierklech geschitt? Wien ass dat tatsächlecht Monster?
D’Autorin hëlt op jidde Fall kee Blat virun de Mond – et ka schonn brutal sinn. Ech wäert hier Bicher am A behalen!

Kategorien:Penguin Verlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s