Penguin Verlag

Er will sie sterben sehen

Dëst Buch ass den Optakt vun enger Serie, obwuel et zäitweis en deftegen Thriller ass, ass et fir mech awer e bëssen Krimi gewiescht. Ech gouf leider net esou vun der Geschicht matgerappt! Eng jonk Fra gëtt no hierem Jongesellenowend brutal ermuerd. Ass se Affer vum selweschten Mäerder ewéi hier Schwëster? Dat kann eigentlech net sinn, well dee sëtzt am Prisong. Hunn se deemools de falschen Mann agespaart? D’Protagonistin Elena, eng spuenesch Polizistin muss de Fall léisen …
Perspektivwiessel hunn dovir gesuergt, dass ech d’Buch séier gelies hunn. D’Geschicht huet och vill Klischeeën, Ermëttler mat ville private Problemer, zum Beispill. Mä d’Charakteren sinn awer authentesch. Gelongen ass, dass d’Elena nieft den Ermëttlungen säi Jong muss sichen, deen ass spuerlos verschwonnen. Hatt steet also gewalteg ënner Drock. Kee Wonner, dass hatt Trouscht am Alkohol sicht. Et ass mir leider schwéier gefall hatt sympathesch ze fannen.

Ech wäert den zweete Band net méi liesen an huelen a Kaf net ze wëssen ob d’Elena säi Kand erëm fënnt oder net!

Kategorien:Penguin Verlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s