BOD - Selbstverlag

Blake McLain – Flucht

20200506_060840

Wann een den éischten Deel gelies huet, kritt e séier Loscht op den zweete Band. D’Geschicht ass nawell actiounsräich, zwee Bridder sinn op der Flucht – de Blake a säi Brudder Sam waren Versuchskanéngercher am Owen Martin sengem illegalen Labo. Et geléngt deenen zwee ze entkommen, ma domat ass et nach laang net eriwwer, den Geschwäftsmann hätt seng Wuer nees gären a sengem Besëtz. Si ginn vun engem skrupelose Mann verfollegt, hien huet kee Problem domat iwwer Läichen ze goen. Den Telefon ass séier lokaliséiert, et gëtt praktesch keen Auswee. Kréien d’Bridder d’Chance op en neit a fräit Liewen? Aus Angscht virun Enttäuschungen woen si sech net un d’Ëffentlechkeet, si sinn op sech selwer gestallt. Ech hunn Säit fir Säit matgeféiwert, ech hunn d’Buch an enger Kéier duerchgelies. Et ass traureg matzekréien ewéi schlëmm hiert Liewen war (an nach ass), ech hätt se gären getréischt. Wiem kënne si vertrauen? Wien géif se verkafen? Op verschiddene Plazen huet et mir tatsächlech d’Sprooch verschloen, ech krut Héngerhaut. All Kapitel huet seng eegen Iwwerschrëft – zesummen mat der Uertschaft, dem Mount a Joer.
D’Uertschaften sinn esou detailléiert beschriwwen, et mécht een eng kleng Rees duerch d’Staaten – dat huet mir super gefall!

D’Buch ass nees dat beschte Beispill dofir, dass sech am Selbstverlag richteg Schätz verstoppen.
Ech froe mech, ewéi et mat deenen zwee weidergeet …

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s