Fischer

Der dunkle Garten

Den Toby gëtt vun Abriecher a senger Wunneng zesumme geschloen, et huet en schwéier erwëscht. Enges Dages kritt en een Uruff – säi Monni ass gesondheetlech net ganz op der Héicht a kéint e bëssen Hëllef a sengem Doheem brauchen. Den Tumor a sengem Kapp mécht him ze schaafen. Dëst Haus gouf vun de Jugendlecher Efeuhaus genannt, si hunn hir Vakanzen gären do verbruecht. Den Tony bidd seng Hëllef un – mä weess en ob wat e sech do aléist? Al Gebaier hu bekanntlech vill Läichen am Keller …

An esou kënnt et och – an engem huelen Bamstamm gëtt e Skelett fonnt. Vu wiem? Wéi kënnt dat dohinner?
D’Sich nom Mäerder geet un, Kandheetserënnerungen ginn reaktivéiert. Fanne si an der Vergaangenheet d’Léisung? D’Wourecht deet wéi, vill Hausbesicher ginn duerch dem Toby seng Wierder vergrault. Oder verstoppen si eppes? Huet den Toby villäicht eppes domat ze dinn?
De Roman ass psychologesch opgebaut, d’Thematik ass virun allem Schold – eng Familljegeschicht. Dëse roude Fuedem zitt duerch dat ganzt Buch. Allerdéngs hunn ech de Schreifstil e bëssen schwéierfälleg fonnt, ech hat Problemer domat waarm ze ginn. An obwuel ech Dialog normalerweis ganz gären liesen, war et hei e Krack zevill.

Virum nächsten Tana French-Buch probéieren ech sécherheetshalwer eng Liesprouf …

Kategorien:Fischer, Scherz

1 reply »

  1. Ech hun “Der Dunkle Garten” och gelies, mir huet e gudd gefall. Et as schon eng Zaitchen hier, ech ka mech nöt méi un d’Detailer erönneren. Ech hun der Tana Frech hier Bicher all gelies, fannen se all gudd, heinzdo e besse vill Detailbeschreiwungen mee ömmer ganz interessant a vielschichteg waat hannert der ursprünglecher Geschicht stëcht. Schued dass sie sou wéineg Bicher schreiwt.

    Liken

Schreibe eine Antwort zu LAURENCE Antwort abbrechen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s